„Seit dem Monat März 1906 besteht hier im Schweichertal, bestehend aus den Ortschaften Elvingen, Hovelingen, und Schweich, eine Musikgesellschaft mit dem Namen Schweicherthal.


Sou huet de jonke Veräin sich am Joer 1910 an enger Demande un den deemolige Staatsminister virgestallt. Et sin also méi wéi 100 Joër hir, säitdem e pur Männer, no verschiddenen Differenzen am Duerfliewen, sich aus dem Gesangveräin gemellt hunn an d’Iddi verwiirklecht hun,
eng Musik op d’Been ze setzen. Mat Succ
ès!


Gläich no der Grënnung hu sech 30 Musikanten zesummefond, déi mat Theaterspillen op Kiirmessonndig dat éischt Geld fir déi nei Instrumenter verdingt hun. 1908 ass dann och schon den 1. Fändel kaaft gin. Natiirlich sinn och verschidde Spannungen nit ausbliww am Laf vun de Joren, ni awer ass d’Dynamik vum Veräin doduerch gebremst ginn an ni ass d’Zuel vun de Memberen bedeitend no ënne gaang. Am Géigendeel, de Veräin steet haut sou gutt do, wéi nach ni.

Niewt dem Idealismus, deen d’Schweecherdauler Musik besonnesch auszeechent, ass de Veräin awer och nach ëmmer duerch säi bewosst Traditionsversteesdemech opgefall. Dat betrëfft niewt der Bedeeligung un allen traditionelle Manifestatiounen och de Fait, dass d’Veräinsdirigenten ëmmer e laange Otem haten, oder besser gesoot, dass sie et ëmmer laang bei de Musikskollegen am Schweecherdaul ausgehal hunn. Den 1. Dirigent, de Georges ZIMMER, huet 50 Joer lang den Taktstaw gehal, dono ass et sou ähnlich bliww: haut ziele mir 8 Dirigenten, an zwar:

-Georges ZIMMER 1906-1956
-Robert WEYLAND 1956-1973
-Pierre KLEIN 1973-1985
-Nico BERTON 1985-1989
-Christian KIRPES 1989-2002
-Jo
ël SAND 2002-2007
-Jonathan DEVI
ÈRE 2007-2011
-Manuel STOFFELS 2011-2019
-Marcel Richards 2019- 2022
-Jérémy Lacave 2022 -…



Änlich halen déi Schweecherdauler et och mat de Presidenten. Bis haut konnte mir zielen op:


-Nic ZIMMER 1906-1915
-Jean-Pierre WEYLER-WIRTGEN 1915-1917
-Jos STEICHEN 1917-1922
-Jean-Pierre ZIMMER 1922-1950
-Edmond ZIMMER 1950-1973
-Emile SEYLER 1973-1984
-Jos LAMBERT 1984-2001
-Jean-Paul KELLEN 2001-2010
-Guy WAGNER 2010-……
.




Merg.14

Weber J.5.1939.02 1939

Projekt1

Weber J.15.Fronl.1982 1982

Per.12






RapidWeaver Icon

Made in RapidWeaver